arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poopst Leo XIV: All Zort vu Gewalt am Numm vun der Relioun misst verurteelt ginn

De Poopst zu Metz

|
reading time

4 min

Poopst Leo XIV: All Zort vu Gewalt am Numm vun der Relioun misst verurteelt ginn

De Poopst Leo ass haut, um véierten a leschten Dag vu senger Visitt a Frankräich, zu Metz. Do huet hien an der Mëttesstonn eng Ried am Kongresszenter Robert Schuman gehalen. Dono war nach eng Mass an der Kathedral Saint-Étienne un där och déi groussherzoglech Koppel deel hëlt.

reading time

4 min

Mass an der Kathedral zu Metz | © EPA/BENOIT TESSIER / POOL MAXPPP OUT
Mass an der Kathedral zu Metz (Foto: EPA/BENOIT TESSIER / POOL MAXPPP OUT)

De Chef vun der kathoulescher Kierch huet d’Liewen an d’Wierker vum Robert Schuman als ee vun de Grënnungspappe vun Europa gewierdegt. Eng vun de grousse léieren, déi een aus sengem Wierk misst zéien, wier "Dialog amplaz Krich". 

Europa kann an enger Welt an där Krich an Haass ëmmer méi zouhuelen, d‘Roll vum Vermëttler spillen. Europa kéint d‘Spiral vu Ligen an Täuschungen tëschent de Länner op der Welt briechen. D‘Relatiounen tëschent de Länner an de Mënsche géifen ëmmer méi barbaresch ginn - e Wuert hätt kaum nach Wäert - esou den amerikanesche Poopst. 

Poopst schwätzt mat Mëssbrauchsaffer vu Klerus

Zënter ee Freideg ass de Poopst Leo a Frankräich, wou hien zu Paräis, zu Lourdes an zu Metz Rencontere mat Gleewegen huet.

De Poopst huet sech all Kéier op Franséisch ausgedréckt. Hien huet zum Deel och franséisch Originnen.

Den Interessi a Frankräich war grouss. Ee Freideg hunn 80.000 Jonker am Stade de France un enger Renconter deelgeholl. E Samschdeg waren et 800.000 Gleeweger, déi un enger Mass zu Paräis participéiert hunn.

Zu Lourdes waren et 150.000 Persounen. Do hat hien och eng Renconter mat siwe Persounen, déi Affer vu sexuellem Mëssbrauch duerch Membere vum Klerus gi sinn.

Enger Enquête no goufen et a Frankräich zënter de 50er Joren iwwer 300.000 Affer.

De Poopst op Visitt zu Metz | © EPA/MAURIZIO BRAMBATTI
De Poopst op Visitt zu Metz (Foto: EPA/MAURIZIO BRAMBATTI)

Déi lescht Etapp zu Metz

Haut steet de Fridden an d’Spiritualitéit am Mëttelpunkt vu senger leschter Etapp zu Metz, wou de Poopst eng Rei Eventer huet, grad ewéi eng Mass an der Kathedral.

A wie sech wollt fir d’Mass a fir déi verschidden Eventer aschreiwen, déi Plaze ware séier fort, den Interessi war wéi zu Paräis an zu Lourdes extreem grouss.

150 Vertrieder aus Lëtzebuerg zu Metz

Vu Lëtzebuerg aus fueren 150 Persounen, Membere vum Klerus oder Gleeweger mat op Metz. Ënner de Gleewege wiere vill Fransousen, betount de Léo Wagener. U wéi engen Eventer huele si deel?

“Mir hunn den Avantage, dass mir gutt Kontakter hu mat Metz, dass eis 150 Leit relativ no an engem Espace kommen, wou d'Mass gefeiert gëtt, allerdéngs net an d'Kathedral selwer. Eis Jugendpastoral wäert mat zéng Leit vertruede sinn, esou wéi och aner Diözeesen, fir och ze markéieren den europäesche Gedanken, d'Jugend, déi d'Zukunft ass, déi Europa soll gestalten. Also vun do hier ginn esou Touchë gesat, wou Lëtzebuerg mat implizéiert ass.”

Och de Kardinol Jean-Claude Hollerich ass an enger Euregio-Delegatioun mat derbäi, preziséiert de Weibëschof Léo Wagener.

“Euregio-Bëscheef, wou eise Kardinol mat derbäi ass, dat sinn also Bëscheef aus der Groussregioun vun de Grenzdiozesen, vun Tréier, Léck, Namur a Lëtzebuerg, datt déi wäerte present sinn, datt si als Bëscheef aus der Euregio wäerte siichtbar si beim Poopst.”

Den Zentrum vu Metz ass just fir Foussgänger zougänglech

Fir d’Jugendpastoral sinn den Aumônier Diego de Lima, grad ewéi zwou Mataarbechterinnen a siwe Jonker wärend der Visitt zu Metz derbäi. Fir si sinn zwee Eventer virgesinn, betount d’Maddalena Capurso.

“Mir kruten d'Invitatioun fir de Besuch vum Poopst, well mir wäerten op zwou Konferenze goen. An déi éischt ass d'Rencontre religieuse an déi zwee ass d'Rencontre aux racines de l'Europe pour la paix et l'unité. An et ass eebe wichteg fir eis do ze sinn. Mir fannen et wichteg, och fir eis Jonker, dass si eeben d'Possibilitéit hunn, fir do ze sinn, fir mam Poopst e bëssen ze schwätzen oder op d'mannst d'Konferenz do ze kucken.”

Wien awer nach wëllt op Metz goe fir de Poopst Leo ze gesinn, dee kann op verschidde Plazen zu Metz laanscht d’Stroossen op de Papamobil waarden. De Parcours ass 2,2 Kilometer laang a geet bis op d’Place de la République. Den Zentrum vu Metz ass just fir Foussgänger zougänglech. Dat bescht ass mam Zuch op Metz ze fueren.

Visiteuren warden op de Poopst an de Strooss vu Metz | © 100,7
Visiteuren warden op de Poopst an de Strooss vu Metz (Foto: 100,7)

Grand-Duc a Lëtzebuerger Premier och zu Metz

Ënnert de Gäscht beim Poopst senger Ried am Kongresszenter Robert Schumann zu Metz sinn och de Grand-Duc Guillaume an de Premier Luc Frieden (CSV) dobäi. Déi groussherzoglech Koppel war och bei der Mass an der Kathedral dobäi. Den Elysée huet de Moie mat gedeelt, datt och de President Emmanuel Macron mat an d'Mass geet.