No där Annoncen hunn a Syrie vill Mënschen op de Stroosse gefeiert. Dem Wäissen Haus no huet den Donald Trump och akzeptéiert, fir de syreschen Iwwergangspresident al-Scharaa a Saudi-Arabien ze begéinen.
Mam saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman hat den Donald Trump gëschter um Dënschdeg e Verteidegungs-Kontrakt vun 142 Milliarden Dollar ënnerschriwwen.
An den nächsten Deeg soll den US-President och an de Katar an an d‘Vereenegt Arabesch Emirater reesen.