arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appell u franséisch Staatsbierger fir de Mali ze verloossen: Et wier net méi sécher

Frankräich

|
reading time

1 min

Appell u franséisch Staatsbierger fir de Mali ze verloossen: Et wier net méi sécher

Leit mat franséischer Nationalitéit, déi sech am Mali ophalen, sollen d'Land esou séier wéi méiglech verloossen. Si sollen direkt all kommerzielle Voll buchen, deen nach disponibel wier, esou den Appell.

reading time

1 min

Bakamo, Mali | © EPA/HADAMA DIAKITE
Bakamo, Mali (Foto: EPA/HADAMA DIAKITE)

Dem franséischen Ausseministère no wier d'Situatioun zënter den Attacke vum 25. Abrëll zu Bamako net méi sécher. Do haten Dschihadistesch Terrororganisatiounen sech zesummegedoe mat den Tuareg-Rebellen, an op verschiddene Plaze militäresch Ziler attackéiert. Laut der Regierung sinn dobäi op d'mannst 16 Mënsche blesséiert ginn.

Frankräich réit och strikt dovun of, momentan an de Mali ze reesen. Ronn 4.200 franséisch Staatsbierger:inne sinn am Mali registréiert.