arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appell un Israel fir hir nei Siidlungsprojeten a Westjordanland falen ze loossen

Israel

|
reading time

1 min

Appell un Israel fir hir nei Siidlungsprojeten a Westjordanland falen ze loossen

Siwe Staate maachen een Appell un Israel fir een neien ëmstriddene Siidlungsprojet fir d‘Westjordanland zeréckzehuelen. Mat deem Projet géif de Fridden aktuell verhënnert, an den internationalen Image vun Israel géif beschiedegt ginn, esou d‘Warnung an deem Appell.

reading time

1 min

© EPA/ATEF SAFADI
(Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Den Appell gouf vun Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Holland, Norwegen an och Kanada lancéiert.

Israel huet wëlles, eng 1.200 Logementer a Westjordanland ze bauen. Mat deem Lotissement géif d‘Westjordanland an zwee geschnidde ginn. Et géifen zwou palästinensesch Communautéiten, eng am Süden an eng am Norden, ginn. Den Oste vu Jerusalem wier nach méi vum Rescht vun der Palästinenser isoléiert, ewéi et elo schonn de Fall ass.