Dogéint hat de Vertrieder vum Parquet général e Freideg fir déi véier Beschëllegt, ënner hinnen de Pierre Reuland, op d’mannst fënnef Joer Prisong gefrot. De fréieren héije Responsabele vun der Gendarmerie selwer wollt um drëtten Dag vum Appellsprozess keng Ausso maachen.
Dofir hu seng Affekoten direkt iwwerholl: Si hu virun allem drop verwisen, datt déi éischt Riichter an hirem Urteel just "fest dovun iwwerzeegt gewiescht" wieren, datt hire Mandant d’Wourecht iwwer d’Bommeleeër-Affär zeréckgehalen hätt.
Zënter 2008 am Viséier vun der Justiz
D’Me Lezzeri, zweet Affekotin vum Pierre Reuland, huet donieft betount, datt tëschent 1985 an 1997 näischt an der Enquête geschitt wier. Doriwwer eraus wier de Pierre Reuland op d’mannst zënter 2008 am Viséier vun der Justiz gewiescht, awer eréischt Joren drop inculpéiert ginn.
Dem Ugeklote gëtt jo ënner anerem seng Roll bei der Observatioun vum Ben Geiben am Zesummenhang mam Attentat op de Justizpalais, am Oktober 1985, virgehäit.
Mat där Observatioun vum Ex-Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie hat de Pierre Reuland awer näischt ze dinn, soten de Me Assa an d’Me Lezzeri unisono.
"Dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss"
Wat dem Pierre Reuland seng Ausso “Dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss” ugeet, esou wier dat “Bistrotsgespréich” gewiescht, wéi de Me Assa erkläert huet.
Säi Mandant, deen ni en einfache Personnage war, wier 2012 an der Suite vun der Bommeleeër-Affär ofgesat ginn. Dobäi hätt hie sech vill Misär kënnen erspueren, wann hie sengerzäit net ausgesot hätt. Hie géif dat elo nach bezuelen, wat schrecklech wier.
De Me Assa selwer war an 1. Instanz vun engem Fräisproch ausgaangen, wat hien dann elo och nees mécht. Den Appellsprozess geet en Donneschdeg virun.