D‘Politik huet sech dogéint gewiert. Verschidde Republikaner hu sech op d‘Säit vun den Demokrate geschloen. Dat ganz restriktiivt Gesetz hätt virgesinn, datt all Ofdreiwungen am Arizona – egal zu wéi engem Ament vun der Schwangerschaft - soll verbuede ginn. Och a Fäll vu Vergewaltegung oder Inzest. Ausname goufen et just, wann d‘Liewe vun der betraffener Fra a Gefor wier.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Arizona: Representantenhaus a Senat stëmme géint restriktiivt Ofdreiwungsgesetz
USA
Arizona: Representantenhaus a Senat stëmme géint restriktiivt Ofdreiwungsgesetz
Am amerikanesche Bundesstaat Arizona huet d‘Representantenhaus a spéider och de Senat géint dat ëmstriddent Ofdreiwungsgesetz vun 1864 gestëmmt. Dat Iewescht Gericht vun deem Staat wollt dat Gesetz erëm a Kraaft setzen.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / Pacific Press | Michael Nigro