arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Artist Peter Max, Designer vum Beatles Cover vu Yellow Submarine, ass gestuerwen

Am Alter vun 88 Joer

|
reading time

1 min

Artist Peter Max, Designer vum Beatles Cover vu Yellow Submarine, ass gestuerwen

De Peter Max huet ënner anerem de legendäre Cover vum Album Yellow Submarine vun de Beatles am Joer 1969 gemoolt. Hie war awer och verantwortlech fir den éischte Logo vun der Musekschaîne MTV.

reading time

1 min

© picture alliance / Romain Fellens | Romain Fellens
(Foto: picture alliance / Romain Fellens | Romain Fellens)

Vill vu senge psycheedelesche Postere voll mat faarwege Blummen, Päiperleken oder nach Reebéi goufe milliounefach verkaf, och iwwer d'USA eraus.

De Peter Max war 1937 an enger jüddescher Famill zu Berlin gebuer. Wärend dem Nationalsozialismus ass hien an d'USA geflücht virun den Nazien.

© picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa)