Atomenergie an Europa ze reduzéieren, wier strategesche Feeler, esou d'Von der Leyen
Um zweeten internationalen Nuklear-Sommet zu Paräis huet d'EU-Kommissiounspresidentin vun dësem an hiren Aen strategesche Feeler geschwat. De Sommet geet drëm, d'Atomenergie an Europa erëm auszebauen, dofir soll d'EU eng nei Strategie virstellen.
D'Iddi ass den Asaz vu Mini-Atomkraaftwierker uechtert Europa. Europa géif eng nei Garantie vun 200 Milliounen Euro fir Investissementer an d'Nuklearenergie ze schafen, heescht et.
Eng 40 Länner sinn zu Paräis vertrueden, dorënner d'USA a China. Et geet ëm déi zivil Atomenergie.
Frankräich ass eent vun deene Länner op der Welt, dat déi meeschten Atomreakteren huet, mat 57 Stéck.