Op Videoen um Internet gesäit ee Flamen an Damp am Spidol Al Ahli zu Gaza-City a Leit déi fort lafen. E lokale palästinensesche Journalist sot, déi israeelesch Arméi hätt mat engem Dokter telefonéiert a gesot, all d‘Patiente missten evakuéiert ginn, well et geschwënn eng Attack géif ginn.
Déi israeelesch Arméi huet hir Asätz an der Gazasträif weider ausgebreet. Et wéilt een d‘Sécherheetszone vergréisseren a weider Infrastrukture vun der Hamas zerstéieren, sou en israeelesche Militärspriecher.
Och déi ganz Stad Rafah, am Süden, wier elo an enger israeelescher Sécherheetszone, esou den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz.
Iwwerdeems soll an der ägyptescher Haaptstad Kairo weider iwwert eng Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen an eng eventuell nei Wafferou verhandelt ginn. Eng Delegatioun vun der Hamas ass gëschter dohi gereest.