Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S02E30 Mir scheiteren ëmmer nach: Joël Seiller a Maxime Weber

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Attacke géint Journalisten a Journalistinnen hu sech méi wéi verduebelt

Däitschland

Attacke géint Journalisten a Journalistinnen hu sech méi wéi verduebelt

Der Organisatioun no hätt et zejoert an Däitschland all Dag 89 Attacke gi géint Leit, déi fir Medie schaffen. Dat ass bis elo déi zweethéchst Zuel jeemools. Nëmmen am Corona-Joer 2022 waren et, mat 103 Attacken, der nach méi.

auto_stories

1 min

Bei den erfaasste Fäll zejoert wäre 75 Attacke géint Persoune gewiescht a 14 géint Redaktiounsbüroen oder Wunnenge vu Journalisten a Journalistinnen. Déi meescht vun den Attacken hätt et bei Manifestatioune ginn iwwer de Krich am Noen Osten a bei Demoe vu Rietsradikalen, Leit, déi Verschwörungstheorië verbreeden an Ofdreiwungsgéigner.

Reporter Ouni Grenzen seet, generell wiere Journalisten a Journalistinnen an Däitschland mat ëmmer méi Pressefeindlechkeet konfrontéiert. Ëmmer méi Leit géifen d'Medien als Feind ugesinn.