Den 20 Joer jonke Syrer gouf wéinst versichtem Mord an Zougehéieregkeet zu enger terroristescher Vereenegung schëlleg gesprach. De Mann soll deemno express op Berlin gefuer si fir am Numm vum Islamesche Staat eng Persoun ze attackéieren.
Affer eng Zäit am kënschtleche Koma
D’Dot ass zwee Deeg virun den däitsche Walen am Februar zejoert geschitt. Der Geriichtspresidentin Doris Husch no huet den Täter dem 30 Joer alen Affer eng “déif oppe Wonn” gemaach. D’Affer huet iwwerlieft.
De blesséierte Mann (deen net jiddesch ass) konnt fortlafen, ier hie virum Memorial d’Bewosstsi verluer huet. Hie misst operéiert ginn a louch eng Zäit laang am kënschtleche Koma.
Hie war am Prozess als Partie civile konstituéiert.
Den Alter huet eng wichteg Roll gespillt
Den elo 20 järegen Täter huet d’Dot zouginn. De Parquet hat gefuerdert, datt no Erwuessenestrofrecht jugéiert gëtt, dat obwuel den Täter bei der Dot eréischt 19 Joer hat. Domat hat de Parquet liewenslaange Prisong gefrot. Tëschent 18 an 20 Joer kann an Däitschland och nach d’Jugendstrofrecht applizéiert ginn. Da wier d’Héchststrof 10 Joer Prisong gewiescht. D’Defense hat siwe Joer gefuerdert.
Den Ugekloten huet sech entschëllegt a sot hie géif sech schummen.
Verschäerfte Migratiounspolitik
Seng Dot huet den Debat iwwer d’Plaz vu syresche Flüchtlingen an Däitschland, déi 2015 op Initiativ vun der deemoleger Bundeskanzlerin Angela Merkel opgeholl gi waren, nees opgerullt.
Mat der neier Regierung vum Friedrich Merz gouf déi däitsch Migratiounspolitik nees verschäerft.
Den 23. Dezember 2025 huet déi däitsch Regierung déi éischte Kéier zënter dem Biergerkrich 2011 ee syresche Staatsbierger wéinst schwéierem Déifstall a Kierperverletzung an Erpressung, expulséiert