arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aus däitschen Industriekreesser: Airbus wëllt och een eegene Kampfjet entwéckelen

Wirtschaft

|
headphones

1 min

Aus däitschen Industriekreesser: Airbus wëllt och een eegene Kampfjet entwéckelen

Airbus wier prett en eegene Kampfjet ze entwéckelen. Dat war haut um Freideg aus däitschen Industriekreesser gewuer ze ginn.

headphones

1 min

D'USS Gerald Ford. | © picture alliance/dpa | Federico Gambarini
D'USS Gerald Ford. (Foto: picture alliance/dpa | Federico Gambarini)

Aktuell kënnt den däitsch-franséische Projet net virun, wéinst Streidereie mam Dassault Konzern. De sougenannte SCAF Projet war 2017 tëschent dem franséische President Emmanuel Macron an der deemoleger däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel ofgemaach ginn. 

De franséischen Dassault Konzern wëllt awer méi Matsproochrecht. Méiglech ass elo, datt zwee nei europäesch Kampfjetten entwéckelt ginn.