Dat, nodeems d‘Regierung zu London an Aussiicht gestallt hat, fir ee Gesetz op de Wee ze schécken, fir den Andrew Mountbatten-Windsor aus der brittescher Trounfolleg ze sträichen, esoubal d’Police d’Enquête géint de Brudder vum Kinnek Charles III. ofgeschloss huet.
Trotz dem Verloscht vu sengem Titel als Prënz d’lescht Joer, steet den Andrew den Ament nach op der aachter Plaz an der Trounfolleg. Den Andrew Mountbatten-Windsor ass an den Epstein Skandal verwéckelt a kritt ënner anerem virgehäit, a senger fréierer Roll als Handelsdelegéierten, dem Epstein vertraulech Dokumenter ginn ze hunn. Hie gouf d‘lescht Woch temporär festgeholl.