arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Automatesch Erkennung vun Autosplacken: CSV iwwerrascht iwwer Kritik vum Staatsrot

National

|
reading time

2 min

Automatesch Erkennung vun Autosplacken: CSV iwwerrascht iwwer Kritik vum Staatsrot

Datt de Staatsrot de Gesetzesprojet fir d'automatesch Erkennung vun Autosplacke ferm kritiseiert hat, huet d'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der innepolitescher Chamberkommissioun Stéphanie Weydert iwwerrascht.

reading time

2 min

Kritik gouf et ënner anerem, well domat eng permanent Iwwerwaachung vum ganzen nationalen Territoire méiglech kéint ginn. 

Am 100,7-Interview huet d’Stéphanie Weydert bedauert, datt de Staatsrot sech 16 Méint Zäit geholl hätt, fir säin Avis ofzeginn, ouni déi eenzel Artikele méi genee ze analyséieren. De Gesetzestext misst elo nogebessert ginn, fir och de Schutz vun de Grondrechter ze garantéieren.

Minister hätt net iwwer d'Zil erausgeschoss 

D'Stéphanie Weydert hält awer um Projet fest.

"Ech mengen net, datt de Minister domat iwwer d'Zil erausgeschoss ass. Ech menge mir hunn als CSV ganz kloer an der Walcampagne 2023 gesot, mir wéilten eis fir méi Sécherheet hei am Land staark maachen, well mir awer festgestallt hunn, datt och mir net verschount bleiwe vun der Kriminalitéit."

Lëtzebuerg wier eent vun deene fënnef europäesche Länner, déi nach keen Dispositif hu fir mat Nopeschlänner zesummenzeschaffen. 

"Hei si jo awer Fäll vun Terrorismus, déi viséiert sinn, organiséiert Kriminalitéit, wou een am Globale mat den Nopeschlänner muss zesummeschaffen."

Lëtzebuerg géif bei der automatescher Erkennung vun Autosplacken den Nopeschlänner hannendrun hänken, esou d'Stéphanie Weydert. Dat géif och den Austausch vun Informatioune bei grenziwwerschreidenden Enquêten erschwéieren.

Och schonn déi consultativ Mënscherechtskommissioun huet sech kritesch zu dem Gesetzesprojet geäussert. D'Oppositiounspartei déi lénk huet iwwerdeems den Inneeminister dozou opgefuerdert, dee ganze Gesetzesprojet zeréckzezéien, well de Projet géif d'Grondrechter zu Lëtzebuerg a Fro stellen.