Den Deputéierten hat 2018 den antifaschistesche Mouvement La Jeune Garde gegrënnt. De Grupp, dee mat am Verdacht fir den Dout vum Aktivist steet, soll opgeléist gi wéinst Virwërf vu Gewalt.
De Quentin Deranque war d‘lescht Woch um Bord vun enger Konferenz vun enger LFI-Europadeputéierter zu Lyon vun op mannst sechs Persounen zesummegeschloe ginn a spéider u senge Blessure gestuerwen.