Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Bal 100 Leit komme bei Iwwerschwemmunge ronderëm Valencia ëm d'Liewen

3 Deeg Staatstrauer

Bal 100 Leit komme bei Iwwerschwemmunge ronderëm Valencia ëm d'Liewen

Bei den Iwwerschwemmungen am Osten a Süde vu Spuenien ass de Bilan vun den Affer weider geklommen, op elo 95 Doudeger. Eleng 92 Doudeger gouf et an der Regioun Valencia. De Bilan ass nach ëmmer provisoresch.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Clara Margais play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Clara Margais

D'Zuel vun Affer kéint nach weider klammen, well nach Leit vermësst ginn. Nieft de Rettungsekippe sinn iwwer 1.000 Zaldoten am Asaz fir nach Leit ze retten. D'EU huet Spuenien Hëllef ugebueden. Déi spuenesch Regierung huet eng Staatstrauer vun dräi Deeg deklaréiert.

Kritik un den Autoritéiten

D'Iwwerschwemmunge goufen duerch extreem staarke Reen ausgeléist. Dem spuenesche Wiederdéngscht no gouf et a verschiddenen Uertschaften an engem Dag bis zu 490 Liter Ree pro Quadratmeter. Dat ass esou vill wéi soss an engem Joer.

De Klimatologen no kënnt et wéinst där vu Mënsche verursaachter Klimaerwiermung méi dacks zu Wiederevenementer mat extreem staarkem Reen.

Et gëtt awer och vill Kritik un de spueneschen Autoritéiten. Si kréien ënner anerem virgehäit, d'Leit ze spéit gewarnt ze hunn.

Eng Korrespondenz aus Spuenie vun der Aurelie Chamerois

Lauschterenplay_arrow