Obwuel hie kuerz virdrun nach vu Manipulatiounen an Onreegelméissegkeete beide Wale geschwat hat, huet de Parteichef haut op de soziale Reseaue betount, datt seng Partei d’Resultater akzeptéiert an de Rechtsstaat respektéiert.
No Donnéeë vun der Wal-Kommissioun huet d’BNP 212 vun den 300 Sëtz am Parlament gewonnen. D’Koalitioun ronderëm d‘Partei Jamaat-e-Islami kënnt op 77 Mandater.
D’Wal-Kommissioun am Bangladesch huet all Virwërf vu Bedruch zeréckgewisen.