arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bedruchsfall Gemeng Déifferdeng: Oppositioun fuerdert Récktrëtt vum Schäfferot

Lokalas

|
reading time

2 min

Bedruchsfall Gemeng Déifferdeng: Oppositioun fuerdert Récktrëtt vum Schäfferot

De 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng Déifferdeng kéint elo awer politesch Konsequenze kréien. D‘Oppositioun huet de Moien de Récktrëtt vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert. Dat huet de Spriecher vun der DP zu Déifferdeng, den Fränz Meisch, op Nofro vum 100,7 bestätegt.

reading time

2 min

© Diane Lecorsais
(Foto: Diane Lecorsais)

Si wéilten de Récktrëtt vum Schäfferot, well deen d'Oppositioun net seriö géif huelen an net mat hinnen zesummeschaffen wéilt, esou de François Meisch (DP). D'Oppositioun zu Déifferdeng hat dës Informatioun de Moien nom Schäfferot schonn dem Lëtzebuerger Wort, dem Tageblatt an RTL confirméiert. 

Déi dräi Oppositiounsparteien DP, déi gréng an déi Lénk hunn de Moien am Gemengerot dem Schäfferot ausserdeem virgehäit, datt si de Bedruch hätte wëllen ënnert den Teppech kieren. De Gemengerot wier iwwerdeem ignoréiert ginn. 

Vue datt de Gemengerot net richteg iwwer de Virfall informéiert gouf, hätt een sech missen op d’Press verloosse fir un Informatiounen ze kommen. Den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch huet fir säin Deel, den dräi Oppositiounsparteien e populistescht Verhale virgehäit.

Bedruchsfall war schonn am Mee geschitt

Déi Frauduléis hätten sech an d'E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Esou hätten déi Kriminell d‘Gemeng dozou bruecht, d'Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam Architektebüro opstoung, op e falsche Bankkonto an Holland ze bezuelen.

De Bedruch wier den 19. Mee entdeckt ginn, sechs Deeg no der Iwwerweisung. D'Sue ware bis dohinner awer schonn op deen anere Kont transferéiert ginn. De Buergermeeschter Guy Altmeisch bedauert an engem Statement, datt d'Ëffentlechkeet - an och d'Oppositioun - réischt am Oktober dovunner gewuer gi sinn.