Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Bei der Gesondheetskeess leeft eng intern Analys

Äntwert op eng parlamentaresch Fro

Bei der Gesondheetskeess leeft eng intern Analys

Analyséiert gëtt schonn zanter dem zweeten Trimester 2024 de Fonctionnement, de Finanzement an d'Gouvernance bei der Gesondheetskeess un. Dat äntwert d‘Santésministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

1 min

Esou eng intern Analyse war am Koalitiounsaccord annoncéiert ginn.

Nieft dem President, der Direktioun, de concernéierten Departementer an de Membere vum Verwaltungsrot vun der CNS ass och d'Inspection générale de la Sécurité sociale, IGSS, un der Analyse bedeelegt. Et geet ënner anerem drëms eng intern Kontroll bei der CNS anzeféieren an sech géint Abus a Bedruchsfäll opzestellen.