arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Belsch Justiz mécht Enquête op géint de veruerteelete Sexualstroftäter Marc Dutroux

Belsch

|
headphones

1 min

Belsch Justiz mécht Enquête op géint de veruerteelete Sexualstroftäter Marc Dutroux

An der Belsch huet d‘Justiz eng Enquête géint de veruerteelte Mäerder a Sexualverbriecher Marc Dutroux opgemaach, well a senger Prisongszell pedo-pornographesch Biller gefonnt goufen. De Procureur vun der belscher Provënz, an där den Dutroux am Prisong sëtzt, huet d‘Medie-Meldung confirméiert.

headphones

1 min

© Matthew Kenwrick / Flickr
(Foto: Matthew Kenwrick / Flickr)

Am Ganze wiere bei enger Duerchsichung eng 200 Fotoe fonnt ginn, esou eng belsch Wochenzeitung. De Marc Dutroux streit d'Virwërf of. 

Hien ass ee vun deene schlëmmste Kriminellen an der Belsch. An den 90er Joren huet hien sechs kleng Meedercher entfouert a vergewaltegt, a véier vun hinnen duerno ëmbruecht. Hie sëtzt eng liewenslaang Prisongsstrof of.