De Mouvement Réformateur (MR) ronderëm de Georges-Louis Bouchez, Géigespiller vun de Sozialisten, ka sech souwuel an der Wallonie wéi och zu Bréissel duerchsetzen. Den MR dierft d'Initiativrecht hu fir zukünfteg Koalitiounen. De Bouchez huet virun allem eng konsequent Reformpolitik ugekënnegt.
Déi aktuell Regierungskoalitioun aus Open VLD, Gréng a Sozialdemokraten ëm de Premier Alexander de Croo kritt keng Majoritéit méi.
Brong Well a Flandern bleift aus
Zu der gefaarter bronger Well koum et a Flandern net. D'N-VA ronderëm de Bart De Wever bleift gréisste Partei mat 24 Prozent vun de Stëmmen, hie kann domadder de rietsextreeme Vlams Belang, deen op 23 Prozent kënnt, knapp hanner sech halen.
Den De Wever, dee bis elo all Zesummenaarbecht mam Belang ausgeschloss huet, bleift der belscher Press no domadder e seriöe Kandidat fir de Poste vum belsche Premier.
D'Open VLD vum Premier Alexander de Croo huet schonn ugekënnegt a Flandern an d'Oppositioun ze goen. N-VA, Vorruit an CDV kéimen da fir eng Koalitioun a Fro. Oppe bleift bis elo nach ob den De Wever och d'Gespréich mam Vlams Belang sicht.
Sozialisten a Gréng verléieren
Zu de Walverléierer gehéieren d'Sozialisten, och wann et net de ganz groussen Desaster gëtt. De PS verléiert seng Positioun als stäerkste Partei am frankophonen Deel vun der Belsch, bleift awer zu Bréissel stabil.
Zu de Verléierer gehéieren awer och déi Gréng: Ecolo kritt just nach d'Hallschent vun de Stëmmen, déi se nach 2019 kruten.
Eenzeg zu Bréissel kann d‘Groen sech als stäerkste flamännesch Partei mat 23 Prozent vun de Stëmmen duerchsetzen.
An der Wallonie dierft den MR mat Les Engagés eng Koalitioun forméieren. Op nationalem Niveau dierft et no der Demissioun vum Premier Alexandre de Croo zu Gespréicher tëschent der NVA a Mouvement réformateur ëm de Georges-Louis Bouchez kommen. Vorruit an CDV kéinten da mat an d'Regierunsgboot geholl ginn.