Et géife, jee no de verschiddene Secteuren, grouss Ënnerscheeder ginn, schreift d‘Chambre des métiers. D‘Zuel vun de Faillitten an de Betriber, déi fräiwëlleg zougemaach hunn, hätt d‘lescht Joer en neie Rekord erreecht.
Am schwieregste wier d‘Situatioun nach ëmmer am Bausecteur. Och wann de Statec an hirem leschte Konjunkturflash vun enger Hausse vun de Rekrutementer schwätzt, misst een déi Informatioun awer mat grousser Virsiicht interpretéieren. Zanter Enn 2022, géif d‘Zuel vun den Aarbechtsplazen am Bausecteur permanent erofgoen.