arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berüümte Broderie vu Bayeux gëtt am "British Museum" zu London ausgestallt

Groussbritannien

|
reading time

1 min

Berüümte Broderie vu Bayeux gëtt am "British Museum" zu London ausgestallt

Zu London gouf d‘Ausstellung vum berüümte Broderie vu Bayeux am British Museum vum franséische President Emmanuel Macron ageweit. Dat a Presenz vum brittesche Kinnek Charles III. Déi gewiefte Broderie aus dem 11. Joerhonnert beschreift d‘Eruewerung vun England duerch de William the Conqueror.

reading time

1 min

Schlucht vun Hastings op dem Teppech vu Bayeux | © picture alliance / IPON | Stefan Boness
Schlucht vun Hastings op dem Teppech vu Bayeux (Foto: picture alliance / IPON | Stefan Boness)

D'Broderie vu Bayeux gehéiert dem franséische Staat a gouf op Initiative vum Emmanuel Macron vu Frankräich un England geléint. Dat wier ee Frëndschaftsgeste, sot de franséische President zu London. D'Tapisserie gëtt bis Juli d‘nächst Joer am British Museum ausgestallt. 

Den Emmanuel Macron huet haut och en Treffe mam brittesche Premier Andy Burnham fir Diskussiounen iwwer d‘Immigratioun, d‘Europäesch Unioun an de Krich an der Ukrain.