arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbrand am Naturpark Héich Venn: Loftqualitéit ass nach ëmmer belaascht

Ëmwelt

|
reading time

1 min

Bëschbrand am Naturpark Héich Venn: Loftqualitéit ass nach ëmmer belaascht

D‘Loftqualitéit hei am Land ass weider wéinst de Bëschbränn am Naturpark Héich Venn an der Belsch e bësse belaascht: D‘Wäerter wieren ëmmer nach e bëssen iwwert den normale Wäerter, an dat soll de Previsiounen no och an den nächsten dräi Deeg nach esou bleiwen. 

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Federico Gambarini
(Foto: picture alliance/dpa | Federico Gambarini)

Dat mellt déi interministeriell Evaluatiounscellule vun der Regierung no enger weiderer Reunioun de Moien.

D‘Konzentratioun u Fäistëbs, also u ganz renge Stëbspartikelen an der Loft, hätt sech zënter gëschter Nomëtteg awer däitlech verbessert an d‘Wäerter wieren zënterdeem op engem zefriddestellenden Niveau bliwwen. 

Wand bléist gënschteg

Well de Wand bis e Freideg vu Südwesten aus soll blosen, dierften dann och manner Damp a Fäistëbs hei hinner kommen. Fir den Ament wiere keng zousätzlech Mesuren néideg – d‘Autoritéite géifen d‘Situatioun awer weider am A behalen.