De Minister Léon Gloden preziséiert, datt wéinst dem Klimawandel, d‘Gefor vu Bësch- a Vegetatiounsbränn rezent nei evaluéiert gi wier.
Dës Evaluatioun géif an den nationale Plang fir d‘Organisatioun vun de Rettungsdéngschter (PNOS) mat afléissen. Déi nei Versioun vun dësem Plang soll Ufank 2027 verëffentlecht ginn.
Och am Haut-Commissariat à la Protection Nationale sengem Rapport iwwer déi nationale Gefore fir d‘Period 2026 bis 2029, wier de Risiko vu Bränn wéinst dem Klimawandel evaluéiert ginn, esou de Minister.
Warscheinlech Bränn och hei am Land
D‘Haaptconclusioune wieren: Et géif elo als warscheinlech ageschat ginn, datt et wéinst Hëtztwellen an Dréchenten an Zukunft Bësch- a Vegetatiounsbränn zu Lëtzebuerg wäerte ginn.
Dat wier eng reell Gefor, déi eescht geholl géif ginn, esou den Inneminister.