De Benjamin Netanjahu selwer sot, hien hätt mam Donald Trump dat bescht Gespréich gehat, bei enger excellenter Reunioun. Déi zwee Politiker hätten dobäi hiren onermiddlechen Engagement bekräftegt, datt den Iran misst dru gehënnert ginn, d’Atombomm ze kréien.
Virun zwee Méint soll et jo nach eng zimmlech hëtzeg Debatt iwwer Telefon tëschent dem Netanjahu an Trump gi sinn. Do war ee sech anscheinend net eens iwwer d'Aart vum Weiderféiere vum Krich am Iran.
Och den ukrainesche President war beim US-President op Besuch
Fir de Wolodymyr Selenkyj huet de russesche President Wladimir Putin am Ukrain-Krich net méi d’Initiativ. An engem Interview mat der amerikanescher Tëleeschaîne Fox News sot den ukrainesche President, Russland géif all Mount 30.000 Zaldote verléieren. Nawell wéilten d’Russen de Krich net stoppen.
D’Ukrain géif dofir op Sanktioune vun der westlecher Welt hoffen, esou de Wolodymyr Selenskyj, dee gëschter Mëtteg zu Washington mat sengem US-Homolog Donald Trump zesummekomm war.