Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Leon Bridges - Panther City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bettenduerf: Referendumsdemande iwwer Fusiounsgespréicher gouf agereecht

Nordstad

Bettenduerf: Referendumsdemande iwwer Fusiounsgespréicher gouf agereecht

D'Biergerinitiativ "Pro Referendum Bettenduerf" huet de Moien hir Demande fir ee Referendum iwwer d'Nordstadfusioun am Sekretariat vun der Gemeng agereecht. Am ganze konnte 621 Ënnerschrëfte vun den 1695 Walberechtegte gesammelt ginn. 

auto_stories

1 min

Dat entsprécht gutt engem Drëttel a läit iwwer dem Seuil vun 20 Prozent. Dat huet d'Initiatorin vun der Initiativ Dominique Steiner op Nofro hi confirméiert. 

Beim gefuerderte Referendum wëlle si d’Leit froen, ob de Gemengerot d'Gespréicher ronderëm eng eventuell Fusioun mat de Gemengen Ierpeldeng, Ettelbréck, Schieren an Dikrech ofschléisse soll oder net.

D'Biergerinitiativ kritiséiert nämlech, datt d'Bierger vun der Gemeng Bettenduerf bis elo zu kengem Moment d'Méiglechkeet kruten un dëser Diskussioun deelzehuelen. Den 23. Oktober hat de Gemengerot mat 7 zu 4 Stëmmen dofir gestëmmt, sech aus de Fusiounsgespréicher zréckzezéien.

De Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen wollt op eis Nofro hi kee Statement dozou ofginn.