arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Biergerbedeelegung als Institutioun - Chamber gesäit dat éischter kritesch

Chamber

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Biergerbedeelegung als Institutioun - Chamber gesäit dat éischter kritesch

Ka Biergerbedeelegung institutionaliséiert ginn? Déi Fro gouf haut an der Chamber-Institutioune-Kommissioun diskutéiert – dat op Basis vun enger Etüd, déi Fuerscher vun der uni.lu an d’cellule scientifique vun der Chamber presentéiert hunn.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Illustratioun Biergerbedeelegung | © Bigstock/Nutthaseth
Illustratioun Biergerbedeelegung (Foto: Bigstock/Nutthaseth)

D'Etüd koum zum Schluss, datt déi zwee Pilotprojete vum Klimabiergerrot a vum Biergercomité ee positiven Impakt gehat hätten: Dës Form vu partizipativer Demokratie géif der Populatioun eng nei Méiglechkeet bidden, hire Point de vue matzedeelen.

Wat déi konkret Ëmsetzung ugeet hunn d’Deputéiert awer nach hier Bedenke geäussert.  

D’Projete vum Biergercomité a vum Klimabiergerrot hätte kloer Objektiver a Recommandatioune formuléiert an doduerch och ee konstruktiven Echange erméiglecht an d’Demokratiegefill gestäerkt.

Zu där Conclusioun koum de Grupp un Experte vun der uni.lu, déi déi lescht 4 Joer zu dësem Thema Fuerschunge bedriwwen hunn. De Klimabiergerrot war eng zoufälleg ausgelouste Biergerversammlung, duerch déi 5 Mesuren am PNEC entstane sinn. Beim Biergercomité hunn 30 Participanten Iddie gesammelt, wéi Lëtzebuerg bis 2050 klimaneutral ka ginn.

Eng Rei oppe Froen

Ma elo wier et un der Politik ze kucken, wéi Biergerbedeelegung institutionaliséiert ka ginn, an do géife sech eng Partie Froe stellen: Wéini gëtt dësen Dispositif agesat a wie koordinéiert en? Wie ka matmaachen, a wien assuréiert ee Suivi vun de Recommandatiounen déi aus dëse Consultatiounen ervir ginn?

Mat den zwou temporäre Strukture wier elo genuch pilotéiert an experimentéiert ginn, ma elo géif et drëms goen, konkret Suitten doraus ze zéien, esou d’Deputéiert vun déi gréng Joëlle Welfring.

“Datt mir eise politesche System deen elo en Place ass wäit aus net perfekt ass an dass en ëmmer rëm mat enger gewëssener Bescheidenheet bewäert ginn an och komplettéiert gi wa mer mierken dass do Mängel sinn.”

D’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding huet ze bedenke ginn, datt dës Form u partizipativer Demokratie och eng Form u Skepsis mat sech bruecht huet.

“Souwuel bei de Leit déi solle participéieren, déi sech ëmmer froe wat bréngt dat dann: et kënnt een zesummen, et seet een seng Meenung, mee duerno geschitt näischt – an och vun der Säit vun der Politik hunn ech gemierkt, datt heiansdo sou Beréierungsängschte waren.”

DP an ADR hu Bedenken

D’DP-Deputéiert Simone Beissel ass dann nach ee Schrëtt méi wäit gaangen an huet sech Suergen driwwer gemaach, datt de Wëssensstand a Saachen instruction civique bei ville Bierger net gutt genuch wier. Fir d’éischt misst een also d’Kenntnisser iwwer d’Lëtzebuerger Institutioune verbesseren, ier u Biergerbedeelegungs-Modell weider geschafft gëtt:

“Qui fait quoi, le conseil d’état par rapport au Parlament, les chambres professionnelles, qui décident quoi etc. Là il faudrait absolument ffaire un effort, pour apprendre les connaissances de base à nos citoyens.”

Den ADR-Deputéierte Fred Keup war de Meenung datt ee Biergerrot souwisou ni representativ wier an huet sech besuergt doriwwer gewisen, datt mat sou enger Biergerbedeelegung d’Parlament méi an den Hannergrond réckele géif:

“Elo gëtt hei also eventuell eppes Weideres geschaf wat dann an der Konkurrenz steet zum Parlament, an dat géif doduerch da sécherlech nach méi schwaach ginn.”

Aus Zäitgrënn gouf dann um Enn net méi iwwer zwou entspriechend Motiounen an eng Resolutioun zu deem Thema ofgestëmmt. An enger nächster Sitzung am Mäerz soll d’Institutiounekommissioun da méi konkret iwwer een nationalen Aktiounsplang fir eng staark Demokratie debattéiert ginn, an och doriwwer, wéi ee representative Biergerrot am politesche Prozess ka verankert ginn. 

play_arrow Lauschteren