arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilan vun Doudesaffer a Vermëssten nom massiven Äerdrutsch am Himalaya klëmmt weider

Katastroph am Himalaya

|
reading time

3 min

Bilan vun Doudesaffer a Vermëssten nom massiven Äerdrutsch am Himalaya klëmmt weider

Am Nepal klëmmt d’Zuel vun den Doudesaffer no der Bullislawin an der Flutwell, déi ee Mëttwoch am Norde vum Land villes zerstéiert huet. Op d'mannst 623 Mënsche si gestuerwen. 2.500 Persounen, dorënner vill Touristen, ginn nach vermësst.

reading time

3 min

Iwwerdeems ass een Tunnel am Bierg, d'Rettungsekippe konnte bis ewell véier Leit doraus retten. Si fäerten, datt nach vill méi Mënschen an deem Tunnel festsetzen. 

Problematesch bei de Rettungsoperatiounen ass de Bulli. D’Helikopter, déi am Asaz sinn, kënnen op ville Plazen net landen. Dobäi kënnt, datt grad Monsun-Reenzäit ass, fir de ganze Weekend an déi nächst Deeg gëtt sech deemno nach vill Reen erwaart. 

D'Rettungsekippe sinn och weiderhin alertéiert iwwer een aneren Damm a fäerten, datt och dee brieche kéint. Dat kéint dann zu enger zweeter Flutwell féieren. 

D’Katastroph war ausgeléist ginn, nodeems Waasser, dat sech an engem Gletscher gesammelt hat, een natierleche Staudamm duerchgebrach huet. 

International Hëllef ugekënnegt

Déi Europäesch Unioun stellt dem Nepal 2 Milliounen Euro zur Verfügung fir bei der Flutwell-Katastroph ze hëllefen. Dat huet dEU-Kommissiounspresidentin ugekënnegt. 

DWeltgesondheetsorganisatioun huet medezinescht Material an dKatastropheregioun geschéckt mat deem 10.000 Mënsche kënne versuergt ginn. DUN huet zwou Milliounen Dollar Hëllef zur Verfügung gestallt. DUSA hunn eng hallef Millioun Dollar Katastrophen-Hëllef zougesot.