arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilan vun enger Woch Speedcampagne: 600 Verstéiss géint Vitesslimitatioun

Police

|
reading time

1 min

Bilan vun enger Woch Speedcampagne: 600 Verstéiss géint Vitesslimitatioun

17 Führerschäiner wieren nach op der Plaz agezu ginn. Dat ass de Bilan vun der sougenannter "Speedcampagne", déi d'lescht Woch vun der Police duerchgefouert gouf.

reading time

1 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Am Ganze gouf iwwer dausend Mol d'Vitess kontrolléiert. Dovun eleng 290 Mol an engem Dag, beim sougenannte Speedmarathon. Op deem Dag huet d'Police 300 Protokoller ausgedeelt a fënnef Führerschäiner op der Plaz agezunn. 

Bal 7.000 mol hätten déi eenzel Radaren am Land d'lescht Woch wéinst ze héijer Vitess geblëtzt, esou d'Police.