Et gëtt gehofft, datt dee Sträit zu Roum kann deblockéiert ginn. D‘Zil vun der UNO Biodiversitéitskonferenz ass et, eng ganz Partie Mesuren anzeféieren fir bis 2030 ronn en Drëttel vun de Mierer a Landflächen op der Äerd als Naturschutzzonen ze designéieren.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Biodiversitéitskonferenz geet an d'Verlängerung
UNO
Biodiversitéitskonferenz geet an d'Verlängerung
D‘Biodiversitéitskonferenz vun der UNO gëtt vun Dënschdes un zu Roum nach emol dräi Deeg laang weider geféiert. Viru véier Méint war d‘COP16 a Kolumbien ouni Resultat op en Enn gaange, wéinst Oneenegkeeten iwwert de Finanzement vum Ëmweltschutz.
auto_stories
1 min

Puer Deeg virun der Weltnaturkonferenz COP16 a Kolumbien hunn Aktiviste vu Greenpeace op der Plaz vun de vereenten Natiounen virun dem UN Campus zu Bonn demonstréiert. (Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John)