arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Doudege bei enger Attack mat engem Schwäert an enger schweedescher Schoul

Schweden

|
reading time

1 min

Een Doudege bei enger Attack mat engem Schwäert an enger schweedescher Schoul

An enger Schoul a Schweden huet eng Persoun e puer Leit mat engem Schwäert blesséiert. Eng Persoun koum ëm d'Liewen. Den Täter gouf vun der Police festgeholl. Dat Ganzt ass an der Gemeng Fagersta am Nordweste vu Stockholm geschitt.

reading time

1 min

© EPA/Fredrik Sandberg SWEDEN OUT
(Foto: EPA/Fredrik Sandberg SWEDEN OUT)
Schwede steet ënner Schock: No enger Attack an engem Lycée, wou een Täter mat engem Schwäert eng Persoun ëmbruecht huet an dräi Persoune blesséiert huet. Zwee Schüler déi 12 a 17 Joer al si goufen dobäi schwéier blesséiert. 
 
Den Täter konnt séier festgeholl ginn. D’Police huet hien an d’Bee geschoss.