Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - L'Addio

play_arrow Live
search

/ Blozongekrankheet: Iwwer 650 Déieren an de Betriber betraff

ALVA deelt mat

Blozongekrankheet: Iwwer 650 Déieren an de Betriber betraff

An ëmmer méi Bauerebetriber gëtt d‘Blozongekrankheet nogewisen: eleng an der leschter Woch koumen iwwer 60 betraffe Betriber dobäi. Am Ganze gouf d'Krankheet elo an iwwer 300 Betriber festgestallt, esou d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung an engem Schreiwes.

auto_stories

1 min

Zanter dem Ausbroch vun der Krankheet Ufank des Mounts si mëttlerweil iwwer 650 Déiere betraff - dovunner eng 500 Ranner, ronn 130 Schof an 8 Geessen. Am August gouf dann och am Verglach mam selwechten Zäitraum d'lescht Joer ee méi héije Stierflechkeet-Taux bei Ranner a virun allem bei Schof a Geesse festgestallt, esou nach d'ALVA.

Iwwerdeems huet d'Jeeërfederatioun de Verdacht gemellt, datt och d'Wëld an de Bëscher schéngt vun der Blozongekrankheet befall ze ginn.