Déi europäesch Boursse sinn nom Réckzéier vum Donald Trump bei der Ouverture um Donneschdegmoien nees an de Plus gaangen.
Bourssen hu sech iwwer Nuecht liicht erkritt
Zu Paräis ass de Cours direkt ëm 6,43 Prozent an d'Luucht gaangen, Frankfurt huet souguer 7,81 Prozenz Plus gemellt. Zu London waren et bal Plus 6 Prozent an zu Mailand 7,81 Prozent. D’Schwäizer Bourse ass ëm 7,47 Prozent geklommen.
Nom Réckzéier vum US-President Donald Trump a Saachen Douanestaxen hunn d'Bourssen an Asien hënt nees kloer an de grénge Beräich gedréit. Den Nikkei-Index vun der Bourse zu Tokyo hat bei der Ouverture 3,8 Prozent géintiwwer der Clôture vu gëschter zougeluecht. Am Verlaf vun der Seance an der japanescher Haaptstad gouf souguer e Plus vu ronn 8 Prozent notéiert.
Manner Taxe fir d'EU, méi fir China
Gëschter um Mëttwochowend hat den Donald Trump d'Taxe fir de Gros vun de Länner fir 3 Méint ausgesat, déi fir chineesesch Produiten dogéint nach emol ugehuewen, op 125 Prozent. Virun der Press sot den US-President zu Washington, et misst ee flexibel sinn, an datt äifreg Investisseuren e bëssen erféiert gi wieren duerch dës Taxen.
Japan huet an der Nuecht op en Donneschdeg positiv op de Réckzéier vum Donald Trump reagéiert, awer och mat Nodrock gefuerdert, datt d'USA och déi 10 Prozent Douanestaxen zeréckzéie sollten, déi a Kraaft sinn. Dës Taxe betreffen an der Haaptsaach de Stol- an den Automobilmarché. Dem Spriecher vun der japanescher Regierung no sinn donieft nach Aluminiumsproduite concernéiert.
Um Donneschdegmoie fréi sinn d'chineesesch Douanestaxe vu 84 Prozent op amerikanesche Produiten a Kraaft getrueden. Si sinn eng weider Etapp am Handelskrich tëschent Washington a Peking a loossen eng Rezessioun fäerten. Dës chineesesch Stroftaxe gëlle fir all US-Produit, deen op chineeseschen Territoire kënnt.