Dee fréiere Wirtschaftsminister Perter Mandelson soll enke Kontakt mam Jeffrey Epstein gehat hunn. Wärend der Finanzkris soll hie sensibel Informatiounen un den Epstein weidergeleet hunn.
Trotzdeem huet de Keir Starmer de Mandelson d'lescht Joer zum US-Ambassadeur ernannt. Den demissionéierte Cabinetschef Mc Sweeney hat d'Responsabilitéit fir déi Decisioun geholl, eng Decisioun déi - wéi hie seet - falsch gewiescht wier.