Radioen

On air

Notturno  |  King Pari - Better The Devil

play_arrow Live
search

/ D'CGFP seet Nee zur Pensiounsreform 

Rentrée sociale

D'CGFP seet Nee zur Pensiounsreform 

D‘CGFP wäert eng Frontalattack op de Sozialdialog net zouloossen. Dat ass de Message vun der Staatsbeamtegewerkschaft fir hir Rentrée sociale. D‘Gehälterofkommes an der Fonction publique soll bis zum Enn vum Joer komplett ëmgesat ginn, an dat speziell bei den ënneschte staatleche Karriären. 

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Den Appell geet un d'Politik fir dat entspriechend Gesetz zum Gehälterofkommes nach dëst Joer ze stëmmen. An da soll et réckwierkend op den 1. Juli 2022 wierken, ouni datt Nodeeler fir déi Betraffe sollen entstoen. 

Iwwerdeems verlaangt d'Staatsbeamtegewerkschaft eng linear Augmentatioun vun de Salairen.

En däitlechen Nee ass et zur Pensiounsreform: Wéinst där aktueller Reserve vun iwwer 27 Milliarden Euro géif et kee Grond gi fir elo "oniwwerluecht an iwwerstierzt" ze handelen, sou d'CGFP. 

D'Staatsbeamtegewerkschaft begréisst och ausdrécklech, datt Jugendlecher a jonk Erwuessener bei der Rentendiskussioun mat agebonne ginn, schliisslech géife si zu de grousse Verléierer gehéiere wann et zu Verschlechterunge sollt kommen.