Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ CMCM krut neien Agrément

ministeriellen Arrêté ënnerschriwwen

CMCM krut neien Agrément

D‘Gesondheetsmutuelle CMCM krut en neien Agrément, dat mellt RTL mat Verweis op de Gesondheets- a Sozialministère. Den entpreichende ministeriellen Arrêté wier haut ënnerschriwwe ginn, heescht et.

auto_stories

1 min

CMCM | © D-Company

Am August hat d‘Verwaltungsgeriicht geuerteelt, datt den Agrément fir d'CMCM misst zeréckgezu ginn. D'Associatioun vun de privaten Assurancëgesellschaften ACA hat geklot, well d'Mutuelle sech net un déi selwecht Spillreegele misst hale, wéi déi privat Acteuren am Secteur.

De Ministère wier awer zur Konklusioun komm, datt d'Mutuelle konform zum Gesetz ass.