arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-Sportministesch Martine Hansen verstäerkt hire Cabinet

Politik

|
reading time

1 min

CSV-Sportministesch Martine Hansen verstäerkt hire Cabinet

D‘Sportministesch Martine Hansen huet hire Cabinet verstäerkt. D‘Ekipp ronderëm hire Premier Conseiller de gouvernement François Knaff an dem Charles Stelmes, Direkter vum Nationalen Institut fir physesch Aktivitéit a Sport gëtt mat zwee neie Membere renforcéiert.

reading time

1 min

Martine Hansen | © Europäesch Unioun
Martine Hansen (Foto: Europäesch Unioun)

Dat sinn den Yves Picard als Commissaire de gouvernement, an d'Carole Winandy als Conseiller de gouvernement. Dat huet de Sportsministère matgedeelt.

Dem Turnproff Yves Picard seng Aufgab soll dobäi leien en nationalen Aktiounsplang fir kierperlech Beweegung a Sport auszeschaffen. 

D'Carole Winandy, déi ausgebilte Juristin ass, soll sech deementspriechend virun allem ëm juristesch Froe këmmeren.