Radioen

On air

Notturno  |  Zapp - Computer Love

play_arrow Live
search

/ CSV stëmmt net fir EVP-Amendementer

EU-GESETZ GEINT DEFORESTATIOUN

CSV stëmmt net fir EVP-Amendementer

Am EU-Parlament gëtt iwwer d'Propos, dat neit Gesetz géint illegaalt Ofholze vu Bëscher ze verleeën, ofgestëmmt. D'EVP setzt sech dofir an den Text ze änneren, d'CSV-Europadeutéiert droen dat net mat.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

Um Donneschdeg Moie gëtt zu Bréissel iwwer e Gesetz ofgestëmmt, wat an der Lescht fir vill Diskussioune gesuergt hat. Et geet ëm illegaalt Ofholze vu Bëscher an dorëms, datt Entreprisen näischt méi dierfe verkafen oder produzéieren, wat domat eppes ze dinn huet. Op Drock vu verschidden EU-Memberlänner hat déi Europäesch Kommissioun viru Kuerzem proposéiert, d'Akraafttriede vun deenen neie Reegelen ëm ee Joer ze verleeën.

Deem hunn d'Memberlänner schonn zougestëmmt. Am Europaparlament setze sech elo Deputéiert vun der däitscher CDU dofir an, datt den Text nach eng Kéier soll geännert ginn. Si hunn am Numm vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei eng Partie Amendementer agereecht, déi et den Entreprisë méi einfach maache sollen, sech un d'Gesetz ze halen.

D'Lëtzebuerger Europadeputéiert vun der CSV, déi Member an der EVP sinn, droen déi Amendementer net mat a wäerten dogéint stëmmen, esou d'Isabel Wiseler-Lima. Et sollt een een Text, dee fäerdeg negociéiert gouf, net nach eng Kéier opmaachen, esou d'CSV-Europadeutéiert. 

"Mir als CSV sinn d'accord, datt et soll en Delai vun engem Joer soll ginn, well et esou ass, datt d'Entreprisen deen en Delai brauchen. Net zwee Joer, well et ass och rieds vun zwee Joer, do si mer net d'accord, mee fir ee Joer si mer d'accord. Fir de Rescht si mir der Iwwerzeegung, datt een net soll nach eng Kéier eppes opmaachen, wat eeben zougemaach ginn ass."


Zu Lëtzebuerg hat d’ONG "Faitrade" een Appell un d'Europadeutéiert gemaach, enger Ofschwächung vun den europäesche Reegelen net zouzestëmmen.