arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Cargolux, mat Rekordgewënn zejoert, mécht sech keng gréisser Suergen ëm d'Zukunft

Wirtschaft

|
reading time

3 min

D'Cargolux, mat Rekordgewënn zejoert, mécht sech keng gréisser Suergen ëm d'Zukunft

D’Cargolux huet d’lescht Joer erëm een neie Rekord-Gewënn gemaach: Nämlech vu 465 Milliounen US-Dollar. Dat si bal 20 Milliounen Dollar méi wéi dat Joer virdrun. Awer manner wéi wärend de Covid-Joren.

reading time

3 min

Cargolux | © picture alliance / Markus Mainka | Markus Mainka
Cargolux (Foto: picture alliance / Markus Mainka | Markus Mainka)

An dat trotz geopoliteschen Tensiounen, Handelskonflikter a Loftraum-Restriktioune wéinst de Konflikter an der Ukrain an am Noen Osten.

Keng gréisser Suerge fir den Ament

Allerdéngs hätte sech duerch de Krich am Noen Osten d’Kerosinpräisser am Verglach mat d’lescht Joer méi wéi verduebelt, esou déi Responsabel vum Grupp virun der Press.

D’Cargolux hätt zwar een Noutfallplang ausgeschafft a wier fir den Ament och net weider besuergt, esou de Generaldirekter vun der Cargolux, de Richard Forson.

“Kuerz a mëttelfristeg maache mir eis net esou vill Suergen – Verglach mat enger Situatioun wou et keng Léisung gëtt, fir d’Strooss vun Hormus ze deblockéieren. Mee da wier et net just ee Problem fir d’Cargolux, mee ee globale Problem deen all d’Fluchgesellschafte weltwäit géif betreffen.”

Mee wa laangfristeg nach ëmmer keng Schëffer duerch d’Mieresstrooss vun Hormus fuere kéinten, hätt dat net just een Impakt op d’Cargolux mee op all d’Fluchgesellschaften an um Enn och op déi global Wirtschaft. Duerch de Krich am Noen Osten hätte sech d’Kerosinpräisser am Verglach mat d’lescht Joer méi wéi verduebelt.

Wéi steet et ëm de Kerosin? 

Wann de Blockage vum Mierespassage vun Hormus weiderhi bestoe bleift, da wier dat eng bedeitend Gefor, an zwar net just fir d'Cargolux, mee fir all Fluchgesellschaft, huet et geheescht. Am Verglach mam selwechten Zäitraum zejoert hunn d'Präisser sech elo scho méi wéi verduebelt. 

Dofir géif een elo proaktiv Plangen, esou de Generaldirekter Richard Forson, an zwar mam sougenannte "contingency plan". Wat genee an dësem Noutfallplang drasteet, gouf op der Pressekonferenz net gesot. 

Bis de Summer hätt een awer nach genuch Kerosin, huet de Richard Forson betount. Iwwerdeems huet d'Cargolux zejoert eng Entitéit lancéiert mam Numm "CV Fuel" fir sech selwer mat Kerosin kënnen ze beliwweren. Dat heescht, d'Cargolux kann iwwer d’Netzwierk vun de NATO-Leitungen an Häfe wéi Le Havre, Gent, Antwerpen oder Rotterdam de Kerosin direkt vun de Produzente kafen. Dat géif der Cargolux méi Optioune ginn, wou se de Kerosin keeft, esou de Finanzdirekter, de Maxim Straus.

Wéi steet et ëm de Loftraum? 

Vu datt de Loftraum ronderëm den Iran an iwwer Russland zou ass, wier et virun allem schwéier den asiatesche Kontinent unzefléien. Et géif ee schmuele Passage iwwer Aserbaidschan ginn, esou de Richard Forson. Wat d'Fluchroutte méi laang ginn, wat d’Fliger méi Kerosin brauchen.

Dat kéint ënner Ëmstänn dozou féieren, datt d’Fliger manner Fracht kënne mathuele fir d’Gewiichtslimitatiounen net ze depasséieren. 

Dat wier glécklecherweis den Ament nach net de Fall, sot de Richard Forson.

Lauschtert hei déi ganz Erklärunge vum Françoise Keller