Radioen

On air

Grousse Kino  |  Prett fir en Tierchen?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas-Vizepresident Pit Bouché wëllt mat der Chamber-Spezialkommissioun zesummeschaffen

Chamber-Spezialkommissioun

Caritas-Vizepresident Pit Bouché wëllt mat der Chamber-Spezialkommissioun zesummeschaffen

De Caritas-Vizepresident Pit Bouché wëllt mat der Chamber-Spezialkommissioun zesummeschaffen, an der Suite vun den Aussoe vun engem fréiere Caritas-Direktiounsmember. Hie wier bereet ze kollaboréieren, esou wäit wéi déi aktuell penal Enquête an der Caritas-Affär dat erméigleche géif.

auto_stories

1 min

Caritas Logo | © Jo Diseviscourt
Caritas Logo (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Tom Brassel hat am 100,7-Podcast iwwer d'Caritas-Affär gesot, hien hätt de Pit Bouché de 6. Juni 2024 eng éischte Kéier iwwer d'Kreditlinnen informéiert, déi d'Caritas wärend der Finanzfraude opgeholl hat.

D’Kreditlinne ware réischt fënnef Woche méi spéit am Verwaltungsrot thematiséiert ginn. Den Dag drop ass d'Fraude opgeflunn.

De Pit Bouché hat d'Aussoe vum Tom Brassel fir eise Podcast net kommentéiert (a se domat och net dementéiert). Elo schreift den héije Beamten der Chamber, d'Aussoe vum Tom Brassel géifen net den "exakte Kontext vun de verschiddene Gespréicher" erëmginn, déi déi zwee am Juni 2024 gehat hätten.

De Pit Bouché schreift weider, hie géif déi ëffentlech Aussoen, déi an deem Kontext gemaach gi wieren, contestéieren. Hie wier bereet ze kollaboréieren, esou wäit wéi déi aktuell penal Enquête an der Caritas-Affär dat erméigleche géif.