arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberdiskussioun ëm Aaarbechtszäit: Verkierzung, aner Opdeelung oder ganz anescht?

Aarbechtswelt

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Chamberdiskussioun ëm Aaarbechtszäit: Verkierzung, aner Opdeelung oder ganz anescht?

D’Organisatioun vun der Aarbechtszäit misst dem modernen Aarbechtsëmfeld ugepasst ginn. Doriwwer ware sech d’Deputéiert de Moien an der Chamber eens. Op Demande vum CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz gouf do iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun debattéiert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Dobäi ass erauskomm, datt et méi Flexibilitéit bei der Aarbechtszäit soll ginn, ouni datt de Schutz vun de Salariéen dorënner dierft leiden. 

Fir d’CSV an d’DP misst en neit Gesetz zur Aarbechtsorganisatioun e Kader virgi bannent deem d’Sozialpartner kéinte Kollektivverträg verhandelen, esou den CSV-Deputéierte Charel Weiler.

"Si ginn de Sozialpartner den néidege Spillraum fir Léisungen auszeschaffen, déi och un d'Realitéit vum Terrain ugepasst sinn an déi vun deenen, déi all Dag domat schaffen, och gemeinsam gedroe ginn, well dat och fundamental wichteg ass fir de Fonctionnement an engem Betrib."

DP bréngt 40-Stonne-Woch a 4 Deeg an d'Spill

Et misst och méiglech sinn, datt e Salarié, dee sech mat sengem Patron doriwwer eens ass, seng 40 Aarbechtsstonne pro Woch op 4 Deeg amplaz 5 Deeg opdeelt, fënnt d’DP-Deputéiert Carole Hartmann.

"Wann d'Organisatioun vum Betrib et erlaabt, da soll d'Aarbechtsrecht esou Léisungen net verhënneren."

Sozialiste fuerdere weiderhin 38-Stonne-Woch

Fir den LSAP-Deputéierte Georges Engel misst een dogéint méi progressiv denken. Hien huet op en Neits eng 38-Stonne-Woch gefuerdert.

"Wann ee vun Aarbechtszäitverkierzung schwätzt, da sinn dat net nëmmen zwou Stonne manner schaffen, mee et sinn zwou Stonne méi fir Famill, zwou Stonne méi fir Hobbyen, Interessen, Engagement oder einfach méi Zäit fir sech. Dat bedeit Liewensqualitéit."

Och déi Lénk hu sech fir eng Aarbechtszäitverkierzung ausgeschwat. Déi wier fir déi gréng dogéint de Moment keng Optioun. 

ADR a Pirate gesinn aner Usätz, wéi een d'Aarbecht méi angeneem gestalte kéint

D’ADR an d’Pirate gesinn dogéint méi grouss Problemer, déi der Aarbechtszäitorganisatioun am Wee stinn. Zum Beispill am Transport an am Logement, esou den ADR-Deputéierte Michel Lemaire.

"Wa mir e Lëtzebuerg gestalten, datt Leit ouni Stress a Stau op hir Aarbecht kommen, gestalte mir e gesond Aarbechtsëmfeld. Wa mir e Lëtzebuerg gestalten, wou Leit no bei hirer Aarbecht wunnen, gestalte mir e gesond Aarbechtsëmfeld."

Op Basis vun den Debatten wëllt den Aarbechtsminister Marc Spautz am Hierscht mat de Sozialpartner un engem neie Gesetz iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun schwätzen.

play_arrow Lauschteren