Nieft der Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez war och den CNS-President José Balanzategui haut an der zoustänneger Chamberkommissioun.
Hausse vun den Ausgabe bei Krankestänn
D'Krankestänn sinn an de leschten zéng Joer ëm 10,8 Prozent geklommen. Mat 365 Milliounen Euro ass dat zwar just dee fënneft gréisste Käschtepunkt vun der CNS, awer dee mat der héchster Hausse. Op éischter Plaz stinn d'Spideeler mat 1,5 Milliarden Euro. Op zweeter Plaz d'soins de médecine mat 725 Milliounen Euro. An op drëtter Plaz d'Auslandsprestatioune mat 637 Milliounen Euro.
Op Nofro hin huet d'Ministesch erkläert, datt esouwuel een Aarbechtsgrupp wéi och ee comité stratégique u Mesure géife schaffen, fir ënner anerem méi Kontrolle beim Verschreiwe vu Krankeschäiner anzeféieren.
“Mir hunn awer en Aarbechtsgrupp an an deem Aarbechtsgrupp sinn ënner anerem d'Outliner viséiert. A fir dat heite lo global unzegoen, ass och ee Comité de stratégique agesat gi gewiescht. Dee schafft nach ëmmer. An deen huet seng Tëschenaarbechten och presentéiert bei der Quadripartite."
Déi Tëschenaarbechten hätte Mesuren erausgeschafft, mat deenen de System méi effizient kéint ginn, esou d'Martine Deprez.
"Dat heescht verschidde Saache ronderëm d'Medikamenter, ronderëm d'Verschreiwungen, ronderëm d'Durée de séjour an d'Spideeler sinn ugeduecht. An ënner anerem bei Lutte contre abus et fraude gëtt d'Profilage vun Doktere gemaach."
Plaffong: Fënnef Mol de Mindestloun
Den LSAP-Politiker a fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo huet drop verwisen, datt wann een op de Punkt vu Cotisatiounserhéijunge géif kommen, da misst een och iwwer een Deplafonnement vun de Cotisatioune verhandelen.
Den Ament sinn d’Cotisatioune mat engem Maximum vu fënnef Mol dem Mindestloun plafonéiert. Wann d’Reserve vun der Gesondheetskeess ënner déi gesetzlech virgeluechten 10 Prozent fält, da mussen d’Cotisatiounen erhéijt ginn.
Dat kéint Enn 2027 de Fall sinn. Wann et esouwäit kënnt, misst een awer och iwwer méi cibléiert Mesuren diskutéieren, fënnt de Mars Di Bartolomeo, nämlech iwwer een Deplafonnement. Also wie méi verdéngt, soll och prozentual méi abezuelen.
“Ech mengen déi mat méi niddrege Revenue hunn, sinn domat net betraff. Aneschters wéi bei enger allgemenger Kotisatiounserhéijung. An déi mat ganz héije Revenue wieren eeben e bësse méi betraff.”
Och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum erënnert an deem Zesummenhang un d’Fro vun der sozialer Gerechtegkeet.
Deprez: Deplafonnement war ni een Tabu
Den Deplafonnement wier ni een Tabu gewiescht, seet d’Ministesch Martine Deprez. Dat wieren allerdéngs Decisiounen, déi vu Staat, Sozialpartner a Patronat zesumme getraff misste ginn.
“Den Deplafonnement, d'Iddi huele mer mat op. Ech kann awer lo net garantéieren, wat dann dës Kéier bei de Sozialpartner erauskënnt, well d'Sozialpartner sinn am Kader vun der CNS souwisou am Tripartitesmodell ënnerwee a musse sech eens ginn iwwert déi Mesuren, déi si wëllen en place setzen.”
Weider ass an der Chamberkommissioun och nees iwwer d’Konventioun mat der Dokteschvereenegung AMMD rieds gaangen. Déi wëll d’Dokteschassociatioun den Ament jo net ënnerschreiwen.
An deem Kader huet d’Ministesch annoncéiert, datt haut ee Mediateur soll ernannt ginn, deen tëschent der AMMD an der CNS soll vermëttelen. D’Martine Deprez betount weider, datt den Assurée um Niveau vun de Remboursementer keng Ännerunge