Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Charel Schmit: "De gesetzleche Kader entsprécht net den aktuelle Besoinen" 

Ombudsman

Charel Schmit: "De gesetzleche Kader entsprécht net den aktuelle Besoinen" 

Déi allgemeng Atmosphär zu Dräibuer hätt sech zolidd verbessert, dat halen den Ombudsman an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher an engem Tëscherapport iwwert d’UNISEC fest. Dee gouf um Mëttwochmoie presentéiert. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

De Charel Schmit (lénks) an d'Claudia Monti (riets) vum Ombudsman | © Eric Ewald play_arrow
De Charel Schmit (lénks) an d'Claudia Monti (riets) vum Ombudsman (Foto: Eric Ewald)

Fir de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, wieren also vill Fortschrëtter gemaach ginn. Et misst een sech awer Gedanken doriwwer maachen, wéi et weidergeet. Virun allem wier een net beim legale Kader fir de Jugendschutz weiderkomm. 

"Egal wéi gutt datt déi Ekippen hier Aarbecht maachen, op der Plaz entsprécht de gesetzgeberesche Kader eben aktuell net deem wat mir brauchen, fir mat jugendleche Stroftäter sënnvoll ze schaffen."

Dofir wier et wichteg an deem Kontext nach eemol den Appel un d'Politik ze maachen, fir déi Reform vum Jugendschutz no vir ze dreiwen. Datt Jonker, déi effetkiv hier Fräiheet entzu kréien, dat no alle Reegelen a Garantië vun engem Rechtsstaat gemaach kréien. Zum Deel wier dat zu Lëtzebuerg net de Fall. 

An den Ae vum Charel Schmit dierft fir Kanner e Fräiheetsentzuch just déi allerlescht Méiglechkeet sinn. Wou d’Pläng dru wiere fir e Jugendprisong, deen entstoe soll, wéisst een och net, sou den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

Lauschterenplay_arrow