Am Verglach zum leschte Mount sinn et awer knapp 550 Leit manner.
D’Hausse betrëfft - wéi och an de Méint virdrun - virun allem héich qualifizéiert Persounen. Wat den Alter ugeet, gëtt et virun allem en Zouwuess bei de Leit tëschent 30 a 44 Joer.
4.000 nei fräi Posten
D’Zuel vun de Leit, déi sech nei bei der ADEM ageschriwwen hunn, geet iwwerdeems erop. Am Mäerz dëst Joer waren et ronn 2.800 Leit: Eng Hausse vun 3,2 Prozent am Verglach mam Joer virdrun.
Dann ass awer d‘Zuel vun de fräie Plazen, déi bei der ADEM deklaréiert ginn, gewuess: Am Mäerz si bal 4.000 fräi Posten ausgeschriwwe ginn. E Plus vu bal 19 Prozent.