2029 wäert e spannend Joer fir d'Sportspress ginn: Et wäerte souwuel d'Spiller vun de klenge Länner, wéi och den 100. Gebuertsdag vum Verband vun der Sportspress gefeiert ginn. Dobäi deit d'Christelle Diederich un, datt een d'Sportsbuch eventuell wéilt nees an d'Liewe ruffen. D'Sportsbuch gëtt et zanter 2016 net méi.
KI ka keng Sportspress ersetzen
Op d'Fro, ob Kënschtlech Intelligenz an Zukunft kéint d'Sportspress ersetzen, äntwert d'Christelle Diederich mat engem Nee. Déi faktuell Informatioune kéint eng Maschinn eventuell iwwerhuelen. D'Emotiounen hannendrun erëmginn, dat ka just e Mënsch maachen, betount d'Christelle Diederich.
An dobäi ass grad eng spannend Zäit mat villen Emotiounen. Wa si géif den Erfolleg vu beispillsweis der Patrizia Van der Weken live mat verfollegen, da wieren dat fir si immens schéi Momenter, esou nach d'Christelle Diederich.