arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch presentéiert neie Jugendpakt: “De Jonken eng gutt Zäit erméiglechen”

Educatioun

|
reading time

2 min

Claude Meisch presentéiert neie Jugendpakt: “De Jonken eng gutt Zäit erméiglechen”

Méi Zäit ouni Bildschiermer, méi ëffentlech Treffpunkten a méi Méiglechkeete fir sech ze engagéieren. Dat sinn d'Haaptziler vum neie Jugendpakt, deen den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) de Moie virgestallt huet.

reading time

2 min

© picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON
(Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON)

Vill Jonker géife selwer feststellen, datt si ze vill Zäit um Handy verbréngen, an dofir wéilt een hinne méi Alternativen ubidden, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

"Net just mat Verbueter schaffen" 

Ënner anerem solle méi Jugendcaféen an aner Treffpunkten entstoen, wou Jonker sech och ouni feste Programm oder Betreiung begéine kënnen – dat zousätzlech zu Restriktioune wéi engem Verbuet vu soziale Medien.

“Do huet mer och als Regierung jo eng kloer Haltung, datt mer gären de Verbuet bis e gewëssenen Alter hätten. 

Grad an der "Jugendpolitik" kéint een awer net just mat Verbueter a Restriktioune schaffen. Hei misst ee méi wäit denken, seet den DP-Minister. 

Nei Jugendakademie 

Besonnesch am ländleche Raum feelen esou Plazen, wou Jugendlecher sech, zum Beispill och ausserhalb vu Veräinsstrukturen och mol spontan treffe kéinten, erkläert den Direkter vum Service national de la jeunesse, Georges Metz.

„An dat ass eppes, wat och déi Jonk eis ëmmer erëm gesot hunn an den Entretien, et gi Spillplaze fir Kanner, et gëtt eppes fir eeler Leit, mee fir eis eigentlech gëtt et ganz oft keng Plaz, an dann treffe mer eis am Bushaischen an do stéiere mer dann och nach eng Kéier.“

Donieft ass eng nei Jugendakademie mat Formatiounen a Fräizäitoffere geplangt. Och de Benevolat soll gefërdert ginn, an d'Gemenge sollen déi Jonk besser iwwer lokal Aktivitéiten informéieren.

Budget nach net bekannt 

De Jugendpakt baséiert ënner anerem op Gespréicher mat ronn 250 Jonken. Wéi vill déi 48 Mesuren de Staat zousätzlech kaschten ass awer net genee bechiffert.

De Claude Meisch sot op Nofro hin, et géifelo kee Montant X, deen elo zousätzlech pro Joer dobäikomme géif. De Secteur misst awer kloer gestäerkt ginn

"Et ass jo ee Volet eeben och an ee Pilier vun deem Jugendpakt, datt mer soen, dee Jugendsecteur als solche soll gestäerkt ginn. An dat heescht natierlech och, Budget, dat heescht och vu Personal Méiglechkeeten kënnen ze rekrutéieren.“

D'Ëmsetzung vun de Mesurë soll an den nächste Jore reegelméisseg zesumme mat den Acteuren aus dem Jugendsecteur iwwerpréift ginn.