arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ombudsman an OKAJU kritiséiere rezente Placement vu Mannerjäreger zu Schraasseg

National

|
headphones

1 min

Ombudsman an OKAJU kritiséiere rezente Placement vu Mannerjäreger zu Schraasseg

D’Ombudsman Claudine Konsbrück an den Ombudsman fir Jugendlecher Charel Schmit weise sech besuergt nom neie Placement vun enger Mannerjäreger vu 14 Joer zu Schraasseg.

headphones

1 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

De Fait, datt d’UNISEC zu Dräibuer voll ass, kéint esou Placementer am Prisong net weiderhi justifizéieren, heescht et an engem Schreiwes.

“Cette nouvelle incarcération illustre de nouveau des défaillances systémiques.”

Dräi konkret Fuerderungen

Den Ombudsman-CELPL an den OKAJU widderhuelen hir Recommandatiounen: si fuerderen, datt de Placement vu Mineuren zu Schraasseg verbuede gëtt, datt geséchert therapeutesch a forensesch Unitéite geschafe ginn an d’Capacitéiten an der Jugendpsychiatrie nohalteg gestäerkt ginn.

Et wier un der Politik, fir ze handelen, esou d'Claudine Konsbrück an de Charel Schmit.