Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Comment supporter qu’on traite des Israéliens de nazis?”

Franséisch Literatur

“Comment supporter qu’on traite des Israéliens de nazis?”

Toutes les vies de Théo, der Nathalie Azoulai hiren 13. Roman, erzielt d'Geschicht vun enger Koppel, déi un dem Hamas sengen terroristeschen Ugrëffer op Israel um 7. Oktober 2023 an de Konsequenzen dorunner zerbréckelt, an analyséiert ënner anerem, wéi ukonditionéierten Antisemitismus am Weste funktionéiert. Bis elo wuel dee beschte Roman vun der franséischer Rentrée littéraire, mengt de Jeff Schinker. 

auto_stories

6 min

headphones

7 min

play_arrow

Alles fänkt u bei engem Schéissstand, wou sech den Théo an d’Léa kenne léieren. Nom Cours gi si eng Vodka an de Bar an der Géigend drénken, komme sech méi no, hale fest, datt d’Schéissen eigentlech näischt fir si ass, mee deen een awer duerchaus eppes fir deen aneren ass.

“Nie wieder ist jetzt"

Dem Théo seng Mamm, déi däitsch Originnen huet, ass ausser sech vu Gléck: Endlech een an der Famill, dee mat enger Jüddin zesummen ass an domat dat schlecht däitscht Gewësse botzt, dat un hir pecht, an dat si mindestens eemol am Joer versicht, wärend der Bundestagszeremonie vum 27. Januar ze exorziséieren. Fir den Theo war dat als jonke Bouf ëmmer eng gläichermoosse faszinant wéi gelunge Saach: Ee ganze Koup Däitscher, déi stellvertriedend fir eng ganz Natioun d’Verbrieche vum Nationalsozialismus sollen exorziséieren.

“Nie wieder ist jetzt. Théo éprouvait malaise et joie devant ce tribunal où l’Allemagne comparaissait tous les ans, magistralement accusée par des procureurs poignants et zélés, et tous les ans, il voyait les épaules du pays s’affaisser un peu plus, s’incurver comme celles d’un vieux bossu.”

Dem Léa seng Famill ass eventuell e bësse manner enchantéiert, akzeptéiert de Goy awer esou wäit, wéi méiglech: Ganz Deel vum Clan vun de Woks wäert hien zwar net ginn, mee dem Partner vun der Schwëster Rose ergeet et änlech.

No an no heefen sech d’Virfäll: Dem Théo seng Mamm, déi am Enseignement schafft, ass entsat, datt déi Jonk ëmmer méi den Affere vun deemools d’Virwërf vun den Henkeren ukräiden.

Comment supporter qu’on traite des Israéliens de nazis? On avait dit pas de poème après Auschwitz mais on n’a guère fait que ça, des poèmes et de la complainte, un totem aveuglant pour finalement ne plus rien voir, tout confondre, tout inverser.”

Kuerz drop stierft d’Fra, an et ass kloer: Si ass aus Rotlosegkeet, aus Suerg gestuerwen.

Wier ech keng Jüddin, wier ech wuel Antisemitt

Dem Léa an dem Théo hir Duechter konvertéiert sech zum Chrëschtentum a wëll net méi Noémie, mee Marie genannt ginn, an och soss steet déi hybrid Koppel dat duerch, wat all Koppel duerchsteet: D’Gewunnecht vum Alldag, d’Alginn an den Doud vun den Elteren.

Mee alles ännert sech um Théo sengem 50. Gebuertsdag, fir deen d’Léa eigentlech eng grouss Party wollt organiséieren, mee dee seng Fra - nodeems hiren Handy eng Rei vu Kéiere vibréiert huet - ofbléist. Den Théo versteet wisou, fënnt et awer e bëssen onfair. Hie mengt, de Wladimir Putin géif deen Dag dach bestëmmt och säi Gebuertsdag feieren, an esou versteet de Lieser, well hie schonn erausfonnt huet, obwuel d’Auteurin den Dag mat kengem Wuert erwäänt huet, datt dem Théo, wéi och dem Putin säi Gebuertsdag de 7. Oktober ass, an datt mir grad de 7. Oktober 2022 schreiwen.

Vun deem u sech all dem Léa seng Ängscht bestätegt fillen, dat ëmmer schonn der Meenung war, datt elo wou d’Judde bal nees den numereschen Defizit vun der Shoah ausgeglach hunn – 1939 gouf et 16,6 Millioune Judden, no 1945 just nach 11, 2023 15,7 – se nees geschwë wäerten exterminéiert ginn. Ee Vidange, nennt si dat, an dem Théo seng Argumenter, dat wier Paranoia, ecartéiert si: A wat ass mat der Unzuel un antisemitteschen Attentater, déi a Frankräich zouhuelen?

Nom 7. Oktober flücht d’Léa ëmmer méi an de Krees vun deenen, déi am beschte verstinn, wat passéiert ass an déi net riskéieren, antiisraeelesch Kommentaren ze maachen. Et geet esou guer an d’Synagoge, obwuel et dat virdrun ëmmer Kabes fonnt huet, a souguer um Réckfluch vun der Rees aus Israel, zum Théo sot: Wier ech keng Jüddin, wier ech wuel Antisemitt.

Eng zäitgenëssesch Manifestatiounen, déi Antisemitismus unhëlt

No Python, e Roman iwwer eng Schrëftstellerin, déi sech fir Programméiersprooch interesséiert, beschäftegt sech d’Nathalie Azoulai mat der éiweger Fro, a wiefern dat Politescht dat Privat kontaminéiert, an ob eng reliéis gemëschte Koppel iwwerhaapt funktionéiere kann.

Dat ass awer u sech just iwwerflächlech d’Theema vum Roman, well u sech geet et hei ëm déi zäitgenëssesch Manifestatiounen, déi Antisemitismus unhëlt, an iwwer déi Manéier, wéi mir eis an der westlecher Gesellschaft kënnen de Luxus eraushuelen, ze urteelen an ze bewäerten. Well et net ëm eis geet, si mir dacks virbäi, indignéiert géint Israel ze hetzen, ouni iwwerhaapt ze hannerfroen, wéi vill konditionéierten Antisemitismus an dëser oder där Ausso stécht.

D’Léa wërft dem Théo vir, de sacro-saint tiers catholique ze sinn, dee sech virun den zwee Lagere mefiéiert “et qui se place au-dessus de tous ces primitifs que sont ces Juifs et ces Arabes”, freet hien: “Et pourquoi est-ce que les autres guerres du monde ne provoquent pas la même indignation?”, an et wéilt een, datt Politiker wéi d’Nathalie Oberweis de Roman géife liesen, an der Hoffnung, dat géif hir Proposen, déi ëmmer d’Limitt vun engem an der Gauche scho bal ukonditionéierten Antisemitismus sträifen, e bëssen nuancéieren.

Een intelligenten an ironesche Roman

Fir dëst unzeprangere wielt d’Nathalie Azoulai awer net den Toun vun engem Pamphlet, a bleift u sech och zu all Zäitpunkt esou clever, datt een der Schrëftstellerin net onbedéngt politescht Engagement kéint virwerfen: Si léisst Point-de-vuë vun de Figure kollidéieren, ouni plakativ ze bewäerten, stellt sech eben net an ee Lager, weist an engem (zwar méi kuerzem) leschten Deel de Standpunkt vun enger Libaneesin, mat där den Théo nom Léa zesummekënnt, mee an deem Openeeprallen ergëtt sech schonn esou eppes, wéi eng immens nuancéiert a komplex Meenung, esou datt der Azoulai hire Roman mat déi intelligentsten Analys vum Israel-Palästina-Konflikt ass, déi ech jee gelies hunn.

Dat funktionéiert ënner anerem awer och, well den Toun an de Stil dee si vun der romantescher Komedie, wéi de Flaubert se a Frankräich mat L’éducation sentimentale gepräägt huet. Nieft dem Tounfall gëtt et konkret Stilfiguren, déi mir hei wéi aus dem Flaubert importéiert sinn (elle le peindrait. Elle le peignit), a Salambo spillt och eng konkret intertextuell Roll, wéi den Théo sech bis vum Léa trennt a mat enger jonker libaneesescher Kënschtlerin zesummekënnt, déi Israel genee esou haasst, wéi dem Théo seng Mamm de Staat gär hat. De Stil vum Roman, elegant, ironesch, erënnert dobäi un dat, wat den David Foenkinos zënter 20 Bicher verzweifelt versicht, ze maachen, a wat der Azoulai hei an hirem 13. Roman mat enger beandrockender Liichtegkeet geléngt.

Déi Distanz, dat liicht verspillt, mat där ee Konflikt abordéiert gëtt, dee gläichzäiteg onléisbar schéngt an d’Gesellschaft spléckt, ewéi keen aneren, dat hätt kënnen uerdentlech schif goen, mécht et awer grad net, well esou de Pathos an dat Schwéiert genee esou lassgetrëppelt gëtt wéi d’Ideologie. Et bleift ee wonnerbar intelligenten an ironesche Roman, vun deem ee sech nom Liese vu sengen 270 Säite wonnert, wéi dat alles iwwerhaapt konnt funktionéieren.  

 

 

Lauschterenplay_arrow