arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coupe-Finall am Härefussball: Outsider Rouspert geet optimistesch an d'Finall

Männerfussball

|
reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Coupe-Finall am Härefussball: Outsider Rouspert geet optimistesch an d'Finall

Virun der Coupe-Finall am Härefussball am Stade de Luxembourg tëschent dem FC Victoria Rouspert an dem FC Déifferdeng 03 weist sech Rouspert kämpferesch. De President Guy Reiter schwätzt am Interview vu realisteschen Ambitiounen, grousser Euphorie am Duerf an engem Match, an deem alles méiglech ass.

reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow
© Paul Krier/Fupa Lëtzebuerg
(Foto: Paul Krier/Fupa Lëtzebuerg)

Den FC Victoria Rouspert geet als Underdog an d’Coupe-Finall géint den Titelverdeedeger Déifferdeng. Trotz der klorer Favoritte-Roll vum Géigner bleift d’Stëmmung am Veräin optimistesch.

“Also wann ee schonn eng Kéier an der Finall ass, da wëllt ee se natierlech och gewannen. Also mir wëssen natierlech ëm eis e Roll als Outsider. Mee eng Finall, dat ass ee Match. An do weess een ni, wéi et ausgeet.”

E Bléck op Biissen a realistesch Erwaardungen

Leschte Samschdeg am Championnatsmatch zu Biissen hätt ee gewise kritt, wéi een Déifferdeng “den Zant kann zéien”, sot de Guy Reiter. Rouspert wéilt sech wéi Biissen och géint den Titelverdeedeger duerchsetzen.

“Also dat war schonn impressionnant.”

De Maintien an der Nationaldivisioun wier awer geséchert. Dat wier schonn eng grouss Erliichterung gewiescht, esou nach de Guy Reiter.

Regional Philosophie a grouss Coupe-Euphorie

D’Ambitioune vum Veräi wieren duerch déi finanzielle Moyene begrenzt. Et hätt ee léiwer e puer méi kleng Sponsore wéi ee Groussen, esou datt net alles mat engem géif stoen oder falen.

“Also mir hunn eis Risike souzesoe gutt verdeelt. Dat heescht, wann ee Sponsor mol ausfält, dat gëtt natierlech e Réckschlag. Awer dat kann awer zu engem groussen Deel da kompenséiert ginn, soudass net de ganze Veräin auserneen leeft.”

Den FC Victoria Rouspert wëllt senger Philosophie trei bleiwen – och no enger Victoire muer an der Coupe an dem domadder verbonnene Batz méi Suen an der Keess. Dat sot de Rousperter President, de Guy Reiter, de Moien am 100,7-Interview. Wann déi Rousperter muer den Owend an der Finall géife gewannen, hätt een net nëmmen d’Coupe gewonn, mee géif och d’Qualifikatioun fir d’Conference League spillen. An déi géif Sue vun der UEFA mat sech bréngen. Déi si fir déi Rousperter awer net d’Prioritéit.

“Doriwwer hu mer eis nach net esou vill Gedanke gemaach, muss ech ganz éierlech soen. (...) Also mir wëlle schonn eiser Philosophie als regionale Veräin trei bleiwen a mir probéieren och esou vill wéi méiglech regional Spiller an eise Kader ze integréieren. Dat geléngt eis emol eng Saison méi, eng Saison manner, mee dat ass eis Philosophie scho säit Joren an dat suergt och fir eng gewësse Kontinuitéit.”

Am Duerf selwer ass d’Euphorie grouss: Fanbusse sinn organiséiert, Ticketen am Fankontingent si bal fort an och eng Fanfrëndschaft mat de Supportere vu Sparta Batreng, also Basketssupporter, soll fir Stëmmung suergen.

De Veräi steet domat virun engem wichtege Match – mat der Hoffnung, um Enn fir eng Iwwerraschung ze suergen.

play_arrow Lauschteren